Meng Produkter
Dem Pit säin Hunneg - Fréijorshunneg
Fréijorshunneg as Hunneg vu Bléien vun Uebstbeem, Pissblummen, Raps, an nach ganz vill aaner Planzen dei am Fréijoer bléien. An der Regel ass et ganz hellen Hunneg, deen en aromatesch-mëlle Gout huet.
Gout a Quantitéit vum Fréijorshunneg ass extrem vum Wieder ofhängesch.
500g
Prais: 7€
Dem Pit säin Hunneg - Summerhunneg
Summerhunneg get vun de Beien vun Bléien gesammelt, dei ab dem 1.Juni bléien. Haptsächlech sin dat Hambier, Schwaarzbier, Kléi, Dëschtelen, Lannen, an nach vill anerer.
Summerhunneg ass mei giel bis orange an och vill mei intensiv am Gout.
500g
Prais: 7€
Dem Pit seng Hunnegdrepp
D'Hunnegrepp maachen ech aus eisem färdegen Hunneg a mat gudder Äppeldrëpp.
36%vol.
500ml
Prais: 14€
Òrr Odins Mjòd
De Met maachen ech aus frëschem Hunneg mat frësch gepressten Äppel. Ech hunn am Moment 2 Variante Met zur Auswiel. Eng zimlech séiss Variant mat em die 11% Alkohol an eng méi herb Variant mat em di 8% Alkohol.
Ausverkaaf, neie Met get am Oktober ugesat.
Prais: 14€
Dem Pit säi Propolis
Propolis ass keimfraie Kittharz den d'Beien vun de Knospen vu Beem sammelen an mat dem sie hier Këschten vu bannen ofdichten.
Propolis ass en natierlecht Produkt dat anti-inflammatoire an antimikrobiel ass an Wondheelung fördert.
Net benotzen wann een allergesch reagéiert.
Präis: 12€